2. Mai 2012

P. O. BOX (14): DE LËTZEBUERGER ZU GUTTENBERG HEESCHT: JEFF BADEN!

esch-um-séi. däerfe professere knäipen? eh bien, si maachen et einfach, ouni sech ze genéieren. den neitste fall vu „guttenbergen“ zu lëtzebuerg (an net säin éischten!) dréit den numm: jeff baden, senges zeechens ë. a. „vacataire“ op der uni lëtzebuerg, einseignant am „institut national des langues“ a kulturkorrespondent am „luxemburger wort“.
an der nr. 30 vun OPUS, dem kulturmagazin fir d’saarland, rheinland-pfalz, louthréngen a lëtzebuerg huet dëse fäinen här en artikel iwwert „literarisches schreiben in luxemburg“ publizéiert, a sengem eegenen numm natierlech. leider si fënnef véierel vun deem artikel – vum opbau, vun den iddiën an och vun de formuléierungen hir, a ville fäll wuertwiertlech – aus der broschür „Apropos ... Literatur in Luxemburg“ iwwerholl (fir et ze soen: geklaut!), déi ech 2004 am optrag vum SIP zesummegestallt hunn. zwar mecht de jeff baden a sengem text en hiwäis op den entspriechenden download am internet, vergësst awer z’ernimmen, datt hie säin artikel do gréisstendeels a carrément ofgeschriwwen huet, ouni déi entspriechend zitater ze kennzeechnen. dat wär och e bësse vill ginn, well de baden-text ass op 4 vu 5 säiten entweder eng pur kopie oder eng jüst schlecht kamufléiert paraphrase vun senger ëffentlech zougänglecher virlag.
wat huet den här tarrach dozou ze soen? de cnl? d’kulturredaktioun vum LW, d’kulturministesch, d’edukatiounsministesch? an de verlag, an deem OPUS erauskënnt? zu saarbrécken wëssen se wahrscheinlech näischt vum lëtzebuerger „zu guttenberg“! ech hu si mat engem mail drop opmierksam gemaach a sinn elo gespaant, ob a wéi se – grad emol eng woch nom internationalen dag vum buch a vun den DROITS D’AUTEUR – reagéieren?  am anere fall ...