op den dag dräi méint méi spéit, de 25. oktober 2012, koum neess aus dem kulturministär, an zwar vun enger madame denise besch, e mail, an deem et ëm d’participatioun vu lëtzebuerger éditeuren um salon du livre zu paräis (22.-25.3.2013) geet an an deem et heescht:
„Dans le cadre de sa politique de promotion du livre luxembourgeois à l’étranger, le Ministère de la Culture aidera les éditeurs professionnels établis au Luxembourg qui publient des livres en langue française, désireux d’assurer une présence à ce salon, en leur remboursant, sur facture documentée, les frais de stand (incluant les frais obligatoires) et les frais de séjour aux conditions énoncées dans le document attaché. Veuillez envoyer votre candidature à l'aide du formulaire attaché jusqu’au 31 octobre 2012 au plus tard à la chargée de mission culturelle du Ministère de la Culture à Paris, Madame Valérie Quilez valerie.quilez@culture.lu, qui se tient aussi à votre disposition pour répondre à vos questions.“
wat huet dat ze bedeiten? datt de kulturministär an engem zäitraum vun dräi méint seng buchpolitik komplett iwwerduecht, iwwerschafft an iwwert de koup gehäit huet? datt et dem ministär méi wäert ass, wann d’lëtzebuerger editeuren op paräis ginn an dofir alles bezuelt kréien, iwwerdeems se zu frankfurt d’onkäschten all selwer droe mussen? oder datt et der lénkser hand an deem ministär komplett egal ass, wat déi riets mécht? datt do ëmmer nach – oder schonn erëm – persounen d’soen hunn, déi sech komplett foutéieren oder ganz einfach keng blass ahnung vu guer näischt hunn? awer dat kenne mär jo schonn, zanter joeren, an et hänkt engem esou lues därmoossen zu den oueren eraus ...
frankfurt messegelände, 13. oktober 2012
© georges hausemer
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen